Historique vum Projet
De Projet Léieren am Gaart – Reseau Lëtzebuerg ass eng Initiativ vum Service „Education à l’environnement“ Kalendula vum CIGL-Esch, an Zesummenaarbecht a mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an dem Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau.
D’Ekipp vum CIGL Esch huet iwwer 15 Joer Erfarung am Beräich vun der pedagogescher Aarbecht am Gaart. An 2 pedagogesche Gäert, dem Kalendula-Gaart zu Altwies an dem Escher Geméisguart gi pedagogesch Aktivitéite fir Kanner ab 2 Joer ugebueden. Awer och Jugendlecher a Senioren si wëllkomm.
Ëmmer méi dacks, ass d’Ekipp vu Léierpersonal gefrot ginn, ob si kéinten Ënnerstëtzung kréien, fir en eegene Gaart bei hirer Struktur opzebauen. Esou ass dunn 2021 de Projet „Léieren am Gaart“ lancéiert ginn.
Zil vum Projet ass et, en Netzwierk vu pedagogesche Gäert opzebauen. Duerch eng fachlech Begleedung, kënne Strukture beim Opbau vun engem neie pedagogesche Gaart ënnerstëtzt ginn. De Projet riicht sech un d’Maison Relaisen, d’Primärschoulen an d’Lycéeën, grad ewéi all anere Gaart zu Lëtzebuerg, de pedagogesch genotzt gëtt.
Wann dir méi Informatiounen iwwert de Reseau sicht, oder wann dir mat ärer Struktur Member vum Reseau Léieren am Gaart wëllt ginn, da kuckt wgl. ënnert der Rubrik „Member ginn“.
Hei fannt dir och en Informatiounsflyer mat de wichtegsten Informatiounen.
Reseau vun de Léiergäert
Entdeck op der Kaart d’Membere vum Reseau „Léieren am Gaart“. Wann dir iech e Gaart méi genee wëllt ukucken, klickt op den Numm vum Gaart.
E Projet fir jiddereen
E Projet fir d’Kanner
D’Kanner profitéiere vun engem Gaart, si:
- erliewen d’Joreszäiten an de Klimawandel
- léieren all d’Schoulfächer op eng spilleresch Manéier
- stäerken hier sozial Kompetenzen, ewéi zum Beispill, Deelen, Zesummeschaffen, Gedold hunn, Verantwortung iwwerhuelen, Respekt vis-vis vun der Natur
- léiere méi iwwert eng gesond an nohalteg Ernärung
- gesinn e konkret Resultat vun hirer Aarbecht
E Projet fir d’Personal
Duerch e pedagogesche Gaart, dee Member am Reseau Léieren am Gaart ass, kann d’Personal aus der formaler an non-formaler Bildung:
- e Projet op Mooss formuléieren an ëmsetzen
- technesch a pedagogesch Formatiounen a Begleedung kréien
- de Gaart d’ganzt Joer iwwer pedagogesch notzen
- Zougank zu pedagogeschem Material: Newsletter, Fichen, pedagogesche Koffer,… kréien
- Vum Austausch am Reseau profitéieren an sech inspiréiere loossen
E Projet fir d’Gemeng
D’Gemeng profitéiert vun engem pedagogesche Gaart, dee Member am Reseau “Léieren am Gaart” ass duerch:
- D’Opstelle vun engem strukturéierte Projet
- De Gaart gëtt dat éischt Joer vu Fachleit begleet mat bis zu 4 Visitte pro Joer
- Zesummenaarbecht mat lokale Partner gëtt gefërdert
- Visibilitéit, duerch Visitte vu Ministeren
- Klimapakt-Punkten a Naturpakt-Punkten

E Projet fir d’Ëmwelt
D’Ëmwelt profitéiert natierlech och vun engem pedagogesche Gaart:
- Biodiversitéit gëtt gefërdert
- De Buedem gëtt erhalen
- De Respekt an den Interessi fir d’Natur wiisst
- De biologeschen Ubau a lokale Som a Planze gi gefërdert
- D’pedagogesch Strukture gi méi nohalteg a klimafrëndlech