Mir bidden och verschidde Formatiounen un. Sief et eng allgemeng Formatioun fir en Iwwerbléck ze kréien iwwert d’Aarbecht an d’Organisatioun an engem pedagogesche Gaart oder d’partizipativ Planung an Ëmsetzung vun engem grénge Schoulhaff.
Beispill-Beschreiwung um Site vum IFEN: Der essbare Schulhof
Emol am Joer organiséiere mir e Seminaire zu engem Thema zum pedagogesche Gaart zesumme mam IFEN. Hei fannt dir de Programm an e puer Fotoe vun 2023 a 2024.
Och kënne mir Formatiounen extra fir är Struktur organiséieren, déi dann ugepasst ass op är Besoinen. Mellt iech dofir einfach bei eis.