Lernort Garten - Erfahrungsaustausch und Netzwerktreffen Léieren am Gaart

Lehrer im Garten

Lernort Garten - Erfahrungsaustausch und Netzwerktreffen Léieren am Gaart

25.Juni vun 14:00-16:00 Auer zu Berbuerg am Schoulgaart. 

De Schoulgaart vu Berbuerg ass méi wéi just eng gréng Fläch – et ass e liewege Léierraum, dee mat vill Léift an Engagement gestallt gouf a vill praktesch Méiglechkeete fir de Schoulalldag bitt. Fir datt d‘Kanner an d‘Enseignanten dëse Raum optimal notze kënnen, stinn hinnen eng ganz Rei Infrastrukturen a Materialien zur Verfügung: Hoch- a Buedembeeter e Buddelbeet, e grousst Gaardenhaische, Sëtz- an Aarbechtsflächen, zwou Feierplazen, zwou Tafelen, e Bongert mat engem Insektenhotel, eng Kraiderpyramid, zwee Reewaassertanken, e Kompost, eng Matschkichen, Stroum an en Internetzougang, 

 

Dir kënnt den Dag selwer de Gaart mat de 5 Sënner entdecken.

Mir tauschen eis iwwert d’Erfarungen am pedagogesche Gaart aus.

 

All Informatioun an Umeldung iwwert den IFEN: Lernort Garten - Erfahrungsaustausch und Netzwerktreffen Léieren am Gaart

Kontaktformular
CAPTCHA
Enter the characters shown in the image.
This question is for testing whether or not you are a human visitor and to prevent automated spam submissions.