Dir wësst net wat dir am Gaart sollt maachen? Da kuckt iech dëse Kalenner un. Hei fannt dir mat Virschléi zu de Gaardenaarbechten, wat een uséien oder planze kann a waat fir eng Recolte usteet oder och nach wat fir pedagogesch Aktivitéiten ee ka maachen.
September
Hierschtmount
Gaardenaarbecht
- Reegelméisseg nätzen an Onkraut rappen
- Villerchershaiser botzen
Recolte
- Blummen a Kraider fir ze dréchnen: Fir Blummen a Kraider ze dréchnen, schneit een si am beschten op engem dréchenen Dag ëm d’Mëttesstonn, bënnt se a kleng Bouqueten an et hänkt een se op enger dréchener, lëfteger Plaz op bis si gedréchent sinn.
- Som vu verblittene Planze sammelen an dréchne loossen.
- Zalot, Réidercher, Hierschtkabes, Muerten a Poretten kann een elo aus dem Buedem huelen.
- Stackbounen a Kornischonge pléckt ee bis spéitstens Enn vum Mount.
- Elo ass d’Haaptrecolte vun de Gromperen, wann et geet op engem waarmen, dréchenen Dag.
Séien a planzen
- Pléck- a Schnëttzalot, Réidercher, Mauséiercherszalot a Spinat – jee no Wieder kann ee mat dem Séie bis Mëtt vum Mount nach eng gutt Hierschtrecolte erwaarden.
- Elo ass e gudde Moment fir nei Äerdbieren ze planzen. Wann dat nach net geschitt ass, déi al Planzen botzen, d'Ausleefer eweghuelen an d'Planzen zeréckschneiden. Eventuell d'Ausleefer als nei Planze notzen.
- Wann dir kee Geméis méi wëllt bis am Fréijoer ubauen, kënnt dir eng Gréngdüngung séien. Dat deet dem Buedem gutt iwwert de Wanter. Méi Informatiounen dozou fannt dir hei: Gründünger
- Eng Wëllblummewiss uleeën
Pedagogesch Aktivitéiten
De Gromperekinnek liesen / bastelen
Oktober
Wäimount
Gaardenaarbecht
- Reegelméisseg nätzen an Onkraut rappen.
- Verwielte Planzen erausrappen.
- Schéin héich Planzen a Grieser stoe loossen, fir datt d’Villercher am Wanter eppes ze friesse fannen.
- Wann Beem ronderëm de Gaart stinn, kann een d’Blieder sammelen an se als Frostschutz op d’Beeter verdeelen.
Recolte
- Bei dréchenem Wieder, Som sammele fir dréchnen ze loossen.
- Fir Blummen a Kraider ze dréchnen, schneit een si am beschten ëm d‘Mëttesstonn. A kleng Bouquete gebonn, kann een si op enger dréchener, lëfteger Plaz ophänken, bis si gedréchent sinn. De gedréchente Som ka spéider propper an Titercher gefëllt a beschrëft ginn.
- Da gëtt et och Zäit virum éischte Frascht d’Kürbissen aus dem Gaart ze huelen. Am Prinzip sinn d’Kürbisse gutt, wann de Still brong gëtt an de Kürbis sech huel unhéiert wann een drop klappt.
- Zalot, Spinat, Mauséiercherszalot, Réidercher, Hierschtkabes, Muerten a Porette kann een elo aus dem Buedem huelen.
Séien a planzen
- Planze vu Blummeknollen a Blummenzwiwwelen (z. B. Tulpen, Krokussen, Hyazinthen, Narzissen).
- Planze vun Zwiwwelen, Schallotten a Knuewelek.
- Wann dir kee Geméis méi wëllt bis am Fréijoer ubauen, kënnt dir eng Gréngdüngung séien. Dat deet dem Buedem gutt iwwert de Wanter. Méi Informatiounen dozou fannt dir hei: Gründünger
- Eng Wëllblummewiss uleeën
Pedagogesch Aktivitéiten
- Kürbis aushielege fir Halloween an Zopp kachen.
- Gedréchente Som vu Blummen a Geméis an Titercher fëllen, beschrëften an dréche lageren.
November
Wantermount
Gaardenaarbecht
- Reegelméisseg am Gaart kucken, ob alles an der Rei ass.
- D'Beeter kënne mat Stréi oder Blieder ofgedeckt ginn, fir de Buedem virun Erosioun ze schützen.
Recolte
- Wëll Bieren a Planzen mat Som (z. B. Sonneblummen) ginn elo Fudder fir d‘Villercher.
Séien a planzen
- Esoulaang wéi et net fréiert, kann een déi lescht Blummenzwiwwele planzen.
- Bei Wieder ouni Frascht kann een nach Uebsthecke planzen.
Pedagogesch Aktivitéiten
- Vullefudder virbereeden
Dezember
Chrëschtmount
Gaardenaarbecht:
- De Buedem oplackeren an d’Wuerzelonkraider erausrappen. D’Beeter duerno mat Laf, Stréi oder graffem Kompost iwwerdecken.
- Eng Mulchschicht aus Laf oder Stréi um Rubbarb erlaabt méi eng fréi Recolte am Fréijoer.
- D‘Gaardegeschier grëndlech botzen.
Kanneraktivitéiten:
- Nei Iddie fir d’Fréijoer sammelen (z. B. Dekoratioune bastelen).
- Dekoratiounen oder Kaddoen mat Gaardematerial bastelen.
- Fudderhaische fir Villercher bauen an ophänken a reegelméisseg mat Vullefudder befëllen. Dono kann een d'Villercher beobachten, dokumentéieren, molen,...
Januar
Haartmount
Gaardenaarbecht:
- D’Gaardegeschier grëndlech botzen.
- Reegelméisseg nom Gaart kucken.
Kanneraktivitéiten:
- Vullefudder aus Som a Kären (z.b. Sonneblummen, Maiskären) preparéieren.
- E Fudderhaischen fir Villercher bauen an ophänken. Reegelméisseg mat Fudder fëllen. Dono kann een d'Villercher beobachten, dokumentéieren, molen,...
- Nistkëschte botzen an ophänken. Vill Villercher gi scho fréi op Wunnengssich a kucken no séchere Plaze fir hiert Nascht.
- Nei Iddie fir d’Fréijoer sichen, Dekoratioune fir de Gaart bastelen.
- Iwwerleeën, wéi e Geméis am Gaart soll ugeplanzt ginn.
Februar
Spierkel
Gaardenaarbecht:
- Reegelméisseg nom Gaart kucken.
- Eng Wëllblummewiss uleeën
- Déi reegelméisseg Gaardenaarbecht pro Klass (nätzen, Onkraut rappen…) plangen. De Choix vun de Planzen huelen an de Som organiséieren.
Kanneraktivitéiten:
- D'Villercher beim Fudderhaischen beobachten, dokumentéieren, molen,...
- Nei Iddie fir d’Fréijoer sichen, Dekoratiounen a Schëlder fir de Gaart bastelen.
- Mam Bau vun engem Insektenhotel ufänken.
Mäerz
Lenz
Gaardenaarbecht:
- Reegelméisseg nom Gaart kucken.
- Am Gaart schaffen, wann de Buedem dréchen a waarm ass.
Séien a planzen:
- Uebsthecke planzen (Hammbier, rout Kréischelen, déck Kréischelen, Schwaarzbier, Päerdsbier).
- Eng Wëllblummewiss uleeën
- Fréi a mëttelfréi Muerten, Mangold. Réidercher, Mauséiercher, rout Rommelen, Saubounen kënne scho vum Mäerz un an de Buedem geséit ginn.
- Eejäreg Kraider (z. B. verschidden Zorte Basilikum) kann ee schonn um Fënsterbriet virzéien.
- Summerblummen an der Klass virséien.
- Wann dir Plaz hutt, ka schonn de Gros vum Geméis virgeséint ginn. Fir Kürbis, Courgette, Bounen, Mais allerdéngs nach waarden!
Kanneraktivitéiten:
- Entdecke vun den éischte Fréijoersblummen.
- D'Spill "Das Gemüse und seine Freunde" / Les légumes et leurs amis spillen
- D‘Gaardeparzellen mat der Geméis-Tabell plangen
- Passend Schëlder fir d'Planze virbereeden.
- Um Insektenhotel weiderschaffen an op enger sonneger Plaz reegeschützt opstellen.
Abrëll
Fréileng
Gaardenaarbecht:
- Lescht Virbereedunge vun de Beeter fir d‘Kulture virgesinn.
- Nei ausgeséitent Geméis a jonk Planze reegelméisseg nätzen, Onkraut rappen an de Buedem oplackeren.
- Geméisreie mulchen.
Séien a planzen:
- Am Ufank vum Mount: Courgetten, Tomaten, Kornischongen a Kürbissen op der Fënsterbänk virzéien a Mëtt Mee an de Gaart planzen.
- Kraider séien
- Summerblummen séien an/oder ëmplanzen.
- Eng Wëllblummewiss uleeën
- Fréi a mëttelfréi Gromperenzorte planzen.
Kanneraktivitéiten:
- Déi passend Schëlder fir all Planz preparéieren an dobäistellen.
Mee
Bléiemount
Gaardenaarbecht:
- Tëscht de Geméisreie mulchen (Grasschnëtt…).
- Äerdbier mat Stréi mulchen, fir datt d’Friichten dréche bleiwen an d’Fiichtegkeet am Buedem bleift.
- Schleeke sammelen an baussent dem Gaart aussetzen.
- Verblitte Fréijoersblummen zréckschneiden oder op eng anerer Plaz verplanzen.
- Reegelméisseg nätzen, Onkraut rappen an de Buedem oplackeren.
Séien a planzen:
- All déi Geméiszorten séien, déi et gäre méi waarm hunn: z.B. Bounen, Muerten, Rout Rommelen, Schallotten, Zwiwwelen
- Déi virgezunne Planze kënnen no den Äishellegen (Mëtt Mee) an de Gaart geplanzt ginn.
- Spéit Gromperenzorte planzen.
- Eng Wëllblummewiss uleeën
Recolte:
- Éischt Recolte vu Réidercher, Zalot, Spinat, Rubbarb a Kraider.
Kanneraktivitéiten:
- Zesummen eng Fréijoerszalot preparéieren, eng Rubbarbstaart oder -kompott.
- En Haische fir Ouereschlëffer bastelen an an d‘Uebstbeem hänken.
- E Grompere-Labyrinth bauen a beobachten, wéi de Keim vun enger Gromper sech säi Wee sicht.
Juni
Broochmount
Gaardenaarbecht:
- Reegelméisseg nätzen an Onkraut rappen.
- Reegelméisseg de Buedem op béide Säite vun de Geméisreien lackeren.
- Courgetten a Kürbissen, Ierbessen, Tomaten a Boune laanscht d‘Spaléier an d’Luucht wuesse loossen.
- Tomate reegelméisseg ausgäizen.
- Ze dicht ausgeséite Reien auslichten: z. B. kleng Muerteplanzen erauszéien, sou datt déi aner genuch Plaz fir ze wuessen hunn.
- Gromperekraut kontrolléieren, fir datt sech déi rout Larve vum Gromperekiewerlek net verbreeden (Larve mat der Hand sammelen).
- Geméisreie mat Stréi, Grasschnëtt oder anerem Gréngmaterial mulchen, fir datt d’Fiichtegkeet am Buedem bleift an d’Onkraut net ze séier nowiisst.
Séien:
- Vill Geméiszorte wéi Zalot, Bounen, Ierbessen, Réidercher a Kabeszorte kënnen nach geséit ginn.
Recolte:
- Déi éischt Äerdbiere plécken. Jee no Wieder: Hammbier, fréi Kiischten
- Recolte vu Réidercher, Zalot, Spinat, Rubbarb a fréie Muerten.
Juli
Heemount
Gaardenaarbecht:
- Reegelméisseg nätzen an Onkraut rappen.
- Uebsthecke wärend dréchene Periode gutt nätzen.
- Gromperekraut kontrolléieren, fir datt sech déi rout Larven vum Gromperekiewerlek net verbreeden (Larve mat der Hand sammelen).
- Äerdbier botzen an eventuell Ausleefer ëmplanzen oder verschenken/eweghuelen.
Recolte:
- Courgettë plécken, éier si ze grouss ginn.
- Ierbessen an déck Boune plécken. D’Planze léisst een am Buedem stoen, fir datt d’Wuerzele mat hire Knëllchebakterien de Stéckstoff aus der Loft kënnen ophuelen.
- Fréi Grompere kënnen erausgeholl ginn, wann d’Schuel fest ass an een se net méi mam Daum kann ofreiwen.
Séien a planzen :
- Stecklinge vun Estragon, Zitrounemeliss, Peffermënz a Lavendel an Dëppercher planzen.
Aner Aktivitéiten:
- E Fest am Gaart organiséieren an/oder e Stand um Schoulfest
August
Karschnatz
Gaardenaarbecht:
- Reegelméisseg nätzen an Onkraut rappen.
- Tomateplanze mussen all fënnef bis sechs Deeg ausgegäizt ginn. Ee liicht Kappen hält de Buedem fräi vun Onkraut a lackert en op, esou datt Loft dra kënnt.
Recolte:
- Tomaten, Kornischongen, Courgetten, Zelleri, Bounen, Paprika a Kürbissen.
Séien a planzen:
- Chineesesche Kabes, Réidech, Mauséiercherszalot a Fréijoerszwiwwele kënne nach fir eng spéit Recolte geséit ginn.
- Wann d'Äerdbier nach all hier Ausleefer hunn, a wann se scho genuch Wuerzele gebilt hunn, d'Ausleefer ofknäppen op enger anerer Plaz ëmplanzen oder verschenken/eweghuelen.
- An déi eidel Parzelle ka Gréngdünger ugeséit ginn. Méi Informatiounen hei: Gründünger
- Eng Wëllblummewiss uleeën