Dir wëllt mat Kanner am Gaart schaffen, an dobäi Spaass hunn?
Dir wëllt de Gaart notzen, fir de Kanner Nohaltegkeet a gesond Ernierung méi no ze bréngen?
Dir sicht Iddien, fir de Kanner d'Schoulfächer duerch de Gaart méi gräifbar ze maachen?
Dir sidd op der Sich no Informatiounen iwwer pedagogesch Gäert?
Bei Léieren am Gaart - Reseau Lëtzebuerg fannt Dir Informatiounen iwwer:
- d'Uleeë vun engem neie Gaart,
- technesch a pedagogesch Aktivitéiten,
- organisatoresch Virschléi,
- interessant Planzen dir am Léiergaart,
- aaner pedagogesch Gäert,
- Austausch am Reseau,
- a villes méi....
=> Wann Dir op d'Schëlder am Gaart klickt, fannt Dir vill Informatiounen an Inspiratiounen, fir mat de Kanner a Jonken am pedagogesche Gaart aktiv ze sinn.
