Den Aarbechtsgrupp Léieren am Gaart huet eng Charte de valeurs et de bonnes pratiques horticoles opgestallt, déi festhält, wéi een am beschten an engem pedagogesche Gaart soll schaffen. > Charte Léieren am Gaart
Wann Dir Member vum Reseau wëllt ginn, kënnt Dir dës Charte mat Äre verschiddene Partner an mat de Kanner a Jonken duerchdiskutéieren.
Wann Dir Member vum Reseau gitt, kënnt Dir:
-
- Är eegen Charte de valeurs et de bonnes pratiques horticoles ënnerschreiwen;
- pedagogescht Material austauschen an existent Material benotzen;
- u Weiderbildungen deelhuelen;
- Iech fir eng Newsletter aschreiwen;
- um jäerleche Seminar zum Thema De pedagogesche Gaart deelhuelen;
- iwwert dës Websäit Iech informéieren;
- vun der Ënnerstëtzung an der pedagogescher an technescher Berodung profitéieren.
- Är Schoul / Maison-relais huet schonn e Gaart
-
Är Schoul / Maison-relais huet schonn e Gaart, dee regelméisseg benotzt gët an Dir wëllt en aktive Member vum Réseau gin:
- Ënnerschreift d'Charte
- Huelt Kontakt op mat den Verantwortlechen vum Projet Léieren am Gaart iwwert de Kontaktformular (oder iwwert E-mail : info@leierenamgaart.lu)
- En existente Gaart aktivéieren
-
Dir wëllt en existente Gaart aktivéieren:
- Gitt Member vum Reseau.
- Da kënnt eist Team an Äre Gaart, fir d’Problemer ze identifizéieren.
- An hëlleft Iech bei der Sich no lokalen Partneren a bei der Opstellung vun engem lokalen Comité de gestion.
- Neien Léiergaart opbauen
-
Dir wëllt e neien Léiergaart opbauen:
- Gitt Member vum Reseau.
- Maacht eng Ufro bei den Verantwortlechen vum Projet.
- Da kënnt eist Team op d'Plaz, fir Är Besoinen oder Är Méiglechkeeten ze identifizéieren.
- Eis multidisziplinär Equipe proposéiert eng Skizz an en Devis, deen Är Gemeng oder Ären Etablissement muss validéieren.
- Den Opbau vum Gaart kann op eng partizipativ Manéier mam CIGL Team oder direkt vun der Gemeng gemaach ginn.
- D'Schafung vun engem Comité local de gestion.
- 4 Visiten am éischte Jor, fir den techneschen an edukativen Suivi vum Gaart sécherzestellen.
Dir wëllt ons kontaktéieren, éng Fro stellen, Feedback ginn oder Iech fir de Réseau umellen, da schreiwt ons w.e.g iwwert de Kontaktformular.