Organisatioun

An der Klass

Éier et an de Gaart geet, ka vill am Klassesall mat de Kanner beschwaat  ginn.

·         D'Kanner vun Ufank u mat abannen: Uleeë vum Gaart, Thema, Plangen, Auswiel a Kaf vum Som...

·         Sécherheets- a Verhalensreegele festleeën, zum  Beispill: net mat dem Gaardegeschir am Grapp lafen, op déi aner Kanner oppassen, d'Aarbechtsgeschier mat aneren deelen, botzen an ewechraumen, eng Charte ausschaffen, e Poster erstellen ...

·         Déi geleeschten Aarbecht virun der ganzer Klass presentéieren

·         E Gaardentagebuch pro Klass féieren

·         Eng Tafel am Gaart opstellen a benotzen (Aarbechte gemaach, nach ze erleedegen…)

·         Theme festleeën, zum Beispill: 1 Haaptthema fir de ganze Gaart, 1 Thema pro Parzell oder 1 Thema pro Klass

·         De Gaart no baussen opmaachen: Partnerschaften agoen, zum Beispill Gaart an Heem, Elterevereenegung; Verkaf vun Planzen am Fréijoer, Erntedankfest, gemeinsaamt Iessen…


Am Gaart

Fir datt d'Aktivitéit am Gaart gutt ofleeft a Spaass mécht, mussen d'Aufgabe gutt preparéiert sinn.

·         A klenge Gruppe schaffen

·         Kloer Missiounen am Viraus festleeën

·         Reegelméisseg an de Gaart goen, net ze vill pedagogesch plangen (nëmmen e puer Geméisplanzen ubauen)

Hei e puer Beispiller vu Beruffer an Aktivitéiten déi d'Kanner am Gaart kënnen ausprobéieren:

    Grupp 1 – Gaardereporter; Gaardentagebuch ausfëllen: Foto, Beschreiwung vun der Aktivitéit, Wieder, Interview, Beobachtung vum Gaart am Laaf vum Joer

    Grupp 2 – Insektesafari: Beobachtung vun de Liewewiesen am Gaart, Beschreiwung, Bestëmmung

    Grupp 3 – Gäertner: saisonal Aktivitéit, d .h. séien, planzen, Onkraut rappen, nätzen…

    Grupp 4 – Artisten: Schëlder bastelen a beschrëften, Land-Art, Gaardenexpo organiséieren…

    Grupp 5 – Botanisten: Planz vum Dag sichen a virstellen (Geméis, Wëllplanz…)

    Grupp 6 – Kach: eppes aus dem Gaart preparéieren an zesumme genéissen, zum Beispill Téi, Kraiderdipp, réit Geméis…

 

Loosst iech Zäit fir de Feedback vun de verschiddene Gruppen.


An der Schoul

Fir datt de Léiergaart e Succès gëtt, sollten sech d'Enseignanten, déi mat hirer Klass am Gaart wëllen aktiv sinn, am Viraus zesummesetzen an dës Punkten duerchdiskutéieren.

 

·         E Gaardegrupp grënnen

·         Déi 4 W-Froe beäntweren: Wie mécht Wat Wou a Wéini?

·         E Léiergaardeplang zesummen opstellen: pedagogescht, zäitlecht a gäertnerescht Plangen

·         D'Entretiensaarbechten an de Vakanzen plangen, eventuell aner Partner mat abezéien

·         Aktivitéite vum Hierscht bis an den nächsten Hierscht plangen

·         E Gaardentagebuch (online) opmaachen

Un éischter Platz kënnt d'Pedagogie am Gaart, duerno eréischt déi gäertneresch Noutwendegkeeten.


 

Kontakt

MENJEMECDDMAVDRCIGLEESCH