Firwat soll eise Gaart Member ginn?
Léieren am Gaart ass e partizipative Projet. Zil ass et en Netzwierk tëscht alle pedagogesche Léiergäert zu Lëtzebuerg opzebauen. Et ass e Projet vun deem all Member profitéiert, deen awer och duerch seng Membere lieft!
Dir kënnt är Projeten an Erfarunge mat äre Kolleegen deelen, andeems dir eis e Link op är Gaardesäit vun der Schoul schéckt, souwéi Fotoen oder Dokumenter, déi fir aner Schoulgäertner kënnen interessant sinn. Esou ka jidderee vu jidderengem léieren. Dës deele mir dann iwwert d’Newsletter an organiséieren Austauschmomenter.
Wann dir mat ärem Gaart Member vum Reseau wëllt ginn, kënnt Dir dës Charte mat Äre verschiddene Partner a mat de Kanner a Jonken duerchdiskutéieren an ënnerschreiwen.
Wann dir Member vum Reseau gitt, kënnt dir:
- Vun der pedagogescher an technescher Berodung (Pläng, 4 Visitte vum Team/Joer,…) profitéieren
- U Weiderbildungen op Mooss fir äre Gaart deelhuelen
- Vun Austauschméiglechkeeten (Material, Iddien,…) mat anere Responsabel vu pedagogesche Gäert profitéieren
- E pedagogesche Koffer kréien
- duerch eng eege Charte, Ënnerstëtzung (vum Team vu Léieren am Gaart, vun der Gemeng oder anere Partner,…) kréien
Wéi ginn ech mam Gaart Member?
En aktive Gaart umellen
Är Schoul / Maison-relais huet schonn e Gaart, dee reegelméisseg benotzt gëtt an Dir wëllt en aktive Member vum Reseau ginn? Dann:
- Ënnerschreift d’Charte a schéckt se dem Team vu „Léieren am Gaart“ iwwert de Kontaktformulaire
- Dir kritt de Link fir äre Gaart op der Kaart bäi ze setzen.
- D’Team vu „Léieren am Gaart“ kënnt eng Kéier bei iech luussen a brengen iech e pedagogesche Koffer laanscht
- Dir schéckt reegelméisseg Informatiounen aus dem Léiergaart fir mam Reseau ze deelen.
En existente Gaart aktivéieren
Et gëtt e Gaart an ärer Struktur, mee deen ass déi läscht Joeren net méi benotzt ginn an dir braucht Hëllef fir en nees ze reaktivéieren? Dann:
- Ënnerschreift d’Charte a schéckt se dem Team vu „Léieren am Gaart“ iwwert de Kontaktformulaire.
- Da kënnt eist Team an Äre Gaart, fir sech de Gaart unzekucken an iech kennenzeléieren.
- D’Team vu „Léieren am Gaart“ hëlleft Iech bei der Sich no lokale Partneren, bei der Opstellung vun engem lokale Gaardegrupp a fir Ënnerstëtzung vun der Gemeng oder Ministère ze kréien.
- Dir kënnt bis zu 4 Visitte vum Team vu „Léieren am Gaart“ an Usproch huelen, z.B. Reunioun, Formatioun oder Aktivitéit. Hei brénge mir iech och e pedagogesche Koffer laanscht.
- Wann äre Gaart nees aktiv ass, kritt dir e Link fir äre Gaart op eiser Kaart bäi ze setzen.
- Dir schéckt reegelméisseg Informatiounen aus dem Léiergaart fir mam Reseau ze deelen.
En neie Léiergaart opbauen
Dir hutt Loscht e Gaart an ärer Struktur opzebauen, hutt eng Plaz a braucht Hëllef fir d’Planung an d’Realisatioun? Dann:
- Ënnerschreift d’Charte a schéckt se dem Team vu „Léieren am Gaart“ iwwert de Kontaktformulaire.
- Da kënnt eist Team op d’Plaz, fir Är Besoinen oder Är Méiglechkeeten ze identifizéieren an hëlleft Iech bei der Sich no lokale Partneren, bei der Opstellung vun engem lokale Gaardegrupp a fir Ënnerstëtzung vun der Gemeng oder dem Ministère ze kréien.
- Eis Equipe proposéiert eng Skizz an en Devis, deen Är Gemeng oder Är Struktur muss validéieren.
- Den Opbau vum Gaart kann op eng partizipativ Manéier mat enger Partnerorganisatioun (z.B. lokal Reinsertiouns-Organisatioun, Fierschter,…) oder direkt vun der Gemeng oder externen Déngschtleeschter gemaach ginn.
- Dir kënnt bis zu 4 Visitte vum Team vu „Léieren am Gaart“ an Usproch huelen, z.B. Reunioun, Formatioun oder Aktivitéit. Hei bréngen iech e pedagogesche Koffer laanscht.
- Wann äre Gaart aktiv ass, kritt dir e Link fir äre Gaart op eiser Kaart bäi ze setzen.
- Dir schéckt reegelméisseg Informatiounen aus dem Léiergaart fir mam Reseau ze deelen.
Dir wëllt ons kontaktéieren, eng Fro stellen, eis Feedback ginn oder Iech fir de Reseau umellen, da schreift eis w.e.g iwwert de Kontaktformular.
Pedagogesche Koffer

Am Kader vum Projet Léieren am Gaart ass e pedagogesche Koffer ausgeschafft ginn. Dës pedagogesch Këscht ass eng Ënnerstëtzung fir de Léiergaart als Plaz fir Entdeckungen a Léiere mat Kanner a Jonken ze notzen.
Si ass vun der Ekipp Léieren am Gaart vum CIGL-Esch, an enker Zesummenaarbecht mam Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend (SCRIPT), dem Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitét an dem Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, erschafft ginn.
An dëser Këscht fannt dir souwuel pedagogescht, wéi och technescht Material, dat Iech eng Hëllef ass, fir de Léiergaart d’ganzt Joer iwwert pedagogesch ze gebrauchen. Dir kënnt dës Këscht gäre mat Äre Kolleegen am Gaart deelen, an dir kënnt se och no Äre Besoinen erweideren.
All Member vum Reseau “Léieren am Gaart” kritt esou eng Këscht zur Verfügung gestallt.
Projeten
Projet Këschtegäertchen
Net all pedagogesch Struktur huet d’Méiglechkeet fir en eegene Gaart unzeleeën oder Hochbeeter opzestellen an an der grousser Vakanz dono ze kucken. Dat heescht awer net, dass een net kann an engem Mini-Gaart an enger Këscht ka schaffen, deen d’Kanner iwwert d’Vakanz mat heem huele kënnen.
E Këschtegäertchen ass deemno eng einfach a plazspuerend Form, wou d’Kanner sech kreativ austobe kënnen a selwer Verantwortung fir hire Këschtegäertchen iwwerhuelen an hiert eegent Geméis ubauen.
Méi Informatioune fannt dir hei.
