Informéieren

 

De Projet Léieren am Gaart – Reseau Lëtzebuerg ass eng Initiativ vum Service éducatif Kalendula vum CIGL-Esch, an Zesummenaarbecht a mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an dem Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung.


Zil vum Projet ass et, en Netz vu pedagogesche Gäert opzebauen, fir d'Kreatioun an d'didaktesch Notzung vun dëse Gäert ze ënnerstëtzen, iwwer de Wee vun enger fachlecher Begleedung vun allen Akteuren. De Projet adresséiert sech un d'Maison relais, primaire Schoulen an Lycéen. Wann Dir méi Informatiounen iwwert de Reseau sicht, oder wann Dir och Member vum Reseau Léieren am Gaart wëllt ginn, da kuckt wgl. ënnert der Rubrik Austausch.

Kontakt

Newsletter

Schreift Iech an eis Newsletter an, fir ëmmer um neiste Stand ze bleiwen.
The subscriber's email address.
The subscriber's preferred language.