En neie Gaart plangen

Dir wëllt en neie pedagogesche Gaart op d’Bee stellen? Da sollt e sech ganz am Ufank vum Projet vill Gedanke maachen a gutt plangen.

Hei fannt dir als Hëllef e puer wichteg Froen. De ganze Froekatalog kënnt dir iech hei eroflueden. 
Wann dir am beschten an enger Ekipp, Äntwerten op dës Froe fonnt hutt, kënnt dir iech gär bei eis mëllen a mir kënnen iech beroden an och eventuell e Plang erstellen.

Wichteg Froen am Virfeld vun der Gaardeplanung :

Wien soll am Gaart schaffen?
  • Schüler aus der Grondschoul ?
  • Kanner aus der Maison Relais ?
  • Lycéesschüler ?
  • Erwuessener?
  • Kanner, Jonker oder Erwuessener mat spezielle Bedürfnisser ?
  • Kann de Gaart mat aneren Ariichtunge gedeelt ginn?(Altersheim, Refugiéë, Gaardeveräin, Jugendhaus, Dagesmammen, lokal Veräiner…)
  • Alter / Gréisst vun de Persounen, déi am Gaart schaffen?
     
Wéi soll am Gaart geschafft ginn?
  • Gruppegréisst, déi am Gaart zesummen aktiv solle sinn
  • Wéi oft soll de Gaart genotzt ginn ? Deeg/Woch, Joreszäiten, Vakanz
  • Dauer vun de Aktivitéiten am Gaart
  • Wien betreit d’Kanner oder Erwuessener bei der Gaardenaarbecht?
  • Hunn d’Betreier Erfarung am Gaardeberäich?
  • Wien ass verantwortlech fir de Gaart (wärend der Schoulzäit, wärend der Vakanz)?

Op Basis vun den Äntwerten op dës Froen, kann een sech Gedanke maachen iwwert d’Gréisst an d’Lag vum Gaart.
 

Wou ass et méiglech?
  • Wéi grouss soll de Gaart ginn? (ofhängeg vun der Zuel vu Gruppen/Klassen, déi de Gaart benotze wëllen)
  • Lag direkt bei der Schoul/Struktur? Eventuell Stéierunge vum Unterrecht, Noperen?
  • Wéi ass d‘Topographie vum Terrain? (flaach, am Hang, mat engem Rollstull erreechbar…)
  • Wéi ass de Buedem? (Makadamm, Wiss, Kräsi….. ass eng Buedemanalys néideg?)
  • Ausriichtung (Sonn/Schiet) - Wéi vill Stonnen ass de Gaart an der Sonn? (Abrëll–September sinn op mannst 6 Stonne Sonn néideg)
  • Ass e Waasseruschloss direkt an der Géigend oder kann en Uschloss ugeluecht ginn?
  • Ass et méiglech Reewaasser ze sammelen? (vum Daach vum Gebai, vum Schapp,…)
     
Firwat gëtt de Gaart ugeluecht?
  • Abezéiung vun de Schoulfächer? Wéi eng?
  • Wéi eng pedagogesch Ziler sollen erreecht ginn?
  • Wéi soll d’Recolte genotzt ginn?
  • Gëtt et e spezielle Projet?
Wat soll am Gaart sinn?

Wéi eng Elementer sollen ugeluecht ginn a wéi vill:

  • Solle Buedemparzellen ageriicht ginn?
  • Sollen/kënnen Hochbeeter gebaut ginn? En Hochbeet fir Leit am Rollstull?
  • Kann en Hügelbeet ugeluecht ginn?
  • Besteet d’Méiglechkeet fir eng Geschierkëscht oder e Schapp ze bauen?
  • Ass genuch Plaz do fir Dëscher a Bänken? Eng Tafel? En Entspanungseck?
  • Brauch een e Sonneschutz iwwert dem Dësch an der Sëtzméiglechkeeten?
  • Soll eng Feierplaz ugeluecht ginn?
  • Ass genuch Plaz fir eng Zär?
  • Ass genuch Plaz fir Kautschen (Frühbeeter) oder e Folientunnel?
  • Wou kann eng Kompostkëscht opgebaut ginn?
  • Besteet d’Méiglechkeet fir eng kleng Waasserfläch unzeleeën?
  • Gëtt et en Zonk wou Kloterplanzen eropwuesse kënnen? Oder en Tippi fir Kloterplanzen opzeriichten?
  • Ass eng Plaz do fir eng Meteosstatioun?
  • Soll eng Infotafel opgestallt ginn?
  • Soll en Insektenhotel dohi kommen?
  • Ass Plaz fir eng Kraiderspiral?
  • Soll e Buddelbeet gemaach ginn?
  • Soll eng Clôture ronderëm de Gaart kommen ? Wat fir eng? Aus Holz, Hecken,…?
  • Wou kann e Reewaasser sammelen an eng Reentonn histellen?
  • Aner Iddien?
Wéi eng Planze sollen ugeplanzt ginn?
  • Geméis: wéi eng Aarten? Vun enger Aart? verschidden Zorten?
  • Uebst: Heckefriischten (Hammbier, Kréischelen,…) Rubbarb, Äerdbier, …
  • Kraider: Een- a méijäreger
  • Uebstbeem (Spaléierbeem)
  • Eenheemesch Hecken
  • Blummewiss an iessbar Blummen
  • Stauden : méijäreg Blummen
Wéi eng Partner kënnen hëllefräich sinn?

De Schoulgaart soll och e soziale Projet sinn an dofir kënne vill verschidde Leit am Gaart schaffen. Sief et bei der Planung, dem Opbau, dem Ënnerhalt oder den Aktivitéiten, frot iech roueg Ënnerstëtzung vun:

  • Der (Schoul)direktioun
  • Dem Betreiungspersonal (Enseignanten, Educatricen an Educateuren,…)
  • De Kanner a Jugendlecher
  • Den Elteren (-vereenegung)
  • Dem Concierge
  • Dem technescht Personal, z.B. Fierschter (fir d’Realisatioun vun Elementer)
  • Dem Kach, dem Kichepersonal
  • De Gemengeverantwortlechen
  • De Gemengenaarbechter
  • Private Kannerbetreiungsstrukturen
  • De Bewunner
  • Lokal Veräiner: z.B. Gaart an Heem, Jugendhaus, Scouten, Altersheem,…
Wéi soll e virgoe fir de Gaart ze plangen?
  • Schafe vun enger Aarbechtsgrupp mam interesséierte Personal
  • Ufro fir d’Geneemegung fir e Léiergaart anzeriichten, Budget ufroen fir d’Realisatioun an d’Material
  • De Gaart als Joresprojet vun der ganzer Schoul/Struktur plangen
  • D’Kanner a Jonker an d’Planung mat abezéien: Workshoppen, Maquetten, Zeechnungen, Thema vum Gaart …
  • Virstelle vun de Kanner hiren Iddie virun den Elteren an de Gemengeresponsabelen
  • Uleeën vum Gaart zesumme mat de Kanner, den Elteren, anere Partner
  • Organisatioun vun der Gaardenaarbecht, och wärend de Vakanzen/Congé, reegelméisseg Treffe vum Gaardegrupp
  • Kucken, ob et e Besoin no enger Formatioun gëtt oder genuch Gaardewëssen do ass
No dëser Bestandsopnam sollt ee wëssen:
  • Noutwendeg Buedem- an Terrasséierungsaarbechten, Zouleitung fir d’Waasser? Wien realiséiert se?, Käschten?
  • Unzuel an Aart vun den Elementer am Gaart (Gaardeparzellen, Bordüren, Hochbeeter, Kautschen, Schapp, Bänken, Clôture,…?) Wien baut se? Aus wéi engem Material? Wou kritt een d’Material hier? Nei oder recycléiert? Käschten?
  • Wéi gëtt d’Aarbecht am Gaart organiséiert? Wéi vill Gruppe wäerten am Gaart schaffen? Wéi vill Zäit hunn d’Gruppen, déi an de Gaart kommen? Gëtt et Parzelle pro Grupp oder Gemeinschaftsparzellen? Gëtt („extern“) Hëllef gebraucht fir den Entretien vum Gaart?
  • Sinn Treffen tëschent Enseignanten, Educatricen an Educateuren, déi de Gaart betreien, virgesinn? Wéi oft?
  • Wéi eng pedagogesch Theme ginn am Gaart behandelt?
  • Wien betreit de Gaart d’Joer iwwer an an der Vakanz? Grouss Aarbechten?
  • Gëtt et e Budget fir déi järlech Onkäschten: Som, Buedem, Material, …? Kuckt iech och eis Lëscht vum Gaardegeschier un!
  • Brauch d’Personal eng Formatioun?
Kontaktformular
CAPTCHA
Enter the characters shown in the image.
This question is for testing whether or not you are a human visitor and to prevent automated spam submissions.