Dobannen
Éier et an de Gaart geet, ka vill am dobanne mat de Kanner beschwat ginn:
- d’Kanner vun Ufank u mat abannen: Uleeë vum Gaart, Thema, Plangen, Auswiel a Kaf vum Som, Gartenplanung in der Klasse
- Theme festleeën an zesumme recherchéieren 1 Haaptthema fir de ganze Gaart, 1 Thema pro Parzell oder 1 Thema pro Grupp
Iddien: Aschenputtel oder Harry Potter - D’Mischkultur-Spill (Das Gemüse und seine Freunde / Les légumes et leurs amis) spillen
- Sécherheets- a Verhalensreegele festleeën, zum Beispill: net mam Gaardegeschier am Grapp lafen, op déi aner Kanner oppassen, d’Aarbechtsgeschier mat aneren deelen, botzen an ewechraumen, eng Charte ausschaffen, e Poster erstellen, …
- déi geleeschten Aarbecht virum Grupp presentéieren
- e Gaardentagebuch féieren
- Dekoratiounen, Schëlder a kleng Elementer (Insektenhotel, Vullekëschten,…) fir de Gaart preparéieren
- Kommunikatioun virbereeden: Artikel fir d’Schülerzeitung, e Plakat, Radiosemissioun, Video,…
Am Gaart

Fir datt d’Aktivitéit am Gaart gutt ofleeft a Spaass mécht, mussen d’Aufgabe gutt preparéiert sinn:
- eng Tafel am Gaart opstellen a benotzen (Aarbechte gemaach, nach ze erleedegen, …)
- a klenge Gruppe schaffen
- kloer Missiounen am Viraus festleeën
- reegelméisseg an de Gaart goen, net ze vill pedagogesch plangen (nëmmen e puer Geméisplanzen ubauen)
Hei e puer Beispiller vu Beruffer an Aktivitéiten, déi d’Kanner am Gaart kënnen ausprobéieren:
![]() | Gaardereporter: Hei fënns du e puer Iddie fir Aktivitéiten zum Thema Gaardereporter: > Les reporters du jardin |
![]() | Insekteforscher: Beobachtung vun de Liewewiesen am Gaart mat Becherluppen, Beschreiwung, Bestëmmung, … |
![]() | Gäertner: saisonal Aktivitéit, d.h. séien, planzen, Onkraut rappen, nätzen, … |
![]() | Kënschtler: Schëlder bastelen a beschrëften, Land-Art, Gaardenexpo organiséieren, … |
![]() | Botanisten: Planz vum Dag sichen a virstellen; z.B. Geméis, Wëllplanz, … |
![]() | Käch: eppes aus dem Gaart preparéieren an zesumme genéissen, z.B.Téi, Kraiderdipp, réit Geméis, … |
Loosst Iech Zäit fir de Feedback vun de verschiddene Gruppen.
Hei fannt dir e puer Iddien, Tipps an Tricks fir inklusiv Aktivitéiten am Gaart.
An der Schoul / Struktur
Un éischter Plaz kënnt d’Pedagogie am Gaart, duerno eréischt déi gäertneresch Noutwendegkeeten. Fir datt de Léiergaart e Succès gëtt, sollten sech d’Personal, déi mat hirem Grupp am Gaart wëllen aktiv sinn, am Viraus zesummesetzen an dës Punkten duerchdiskutéieren:
- Gaardegrupp grënnen
- déi 4 W-Froe beäntwerten: Wien mécht Wat, Wou a Wéini? > Arbeitsplan_Pflegeplan
- e Léiergaardeplang zesummen opstellen: pedagogesch, zäitlech, gäertneresch
- d’Entretiensaarbecht (an de Vakanze) plangen, eventuell aner Partner mat abezéien
- Aktivitéite vum Hierscht bis an den nächsten Hierscht plangen
- Evt. eng Formatioun organiséieren
- en (online) Gaardentagebuch opmaachen
- de Gaart no baussen opmaachen: Partnerschaften agoen (z. B. Gaart an Heem, Elterevereenegung) Verkaf vu Planzen am Fréijoer, Erntedankfest, gemeinsaamt Iessen,…
- de Gaart notze fir Fester am Laf vum Joer
- Kommunikatioun iwwert de Gaart maachen





