Haaptzil ass, datt d'Kanner Freed un der Gaardenaarbécht a Respekt virun der Natur an hire Bewunner entwéckelen a sech mat hirem Gaart identifizéieren. Niewt dem Pfleege vun de Gaardebeeter an dem Verschaffen vun dem Uebst a Geméis, dat si gezillt hunn, leeë mir Wäert drop, si an d'Gestaltung vun hirem Gaart matanzebannen an all gréisser Projeten (Setzen vun Hecken, Uleeën vu Frühblüherbeeter, Steekoup uleeën...) mat hinnen zesummen ze realiséieren. Dobäi léiere si fächeriwwergräifend, inklusiv a mat alle Sënner.

Zilgrupp

Enseignement fondamental

De Gaart besteet säit

2000

Wou leit en?

ënnerhalb vun der Schoul

Chemin de l'église
7361 Lorentzweiler
Luxembourg

Partner

Gemeng a Gemengepersonal

Kontaktpersoun

Myriam Rohner
myriam.rohner@education.lu

Ziler vum Gaardeprojet

Bildung fir nohalteg Entwécklung am Léiergaart
Di biologesch Vilfalt vun den Aarten kenneléieren
Emotional Ziler
Ëmweltschutz/Naturschutz/Aarteschutz
Ganzheetlech direkt Naturerfahrung
Gesondheetsfërderung
Gruppendynamik
Hierstellung vun Liewensmëttel / gesond Ernierung
Iwwerhuelen vun Verantwortung
Léieren vun Kulturtechniken (Séien, Ernten asw.)
Motoresch Ziler
Sozial/integrativ Ziler (z.B. Teamaarbecht)
Ureegungen fir Fräizäitgestaltung
Kontaktformular
CAPTCHA
Enter the characters shown in the image.
This question is for testing whether or not you are a human visitor and to prevent automated spam submissions.