Lycée technique de Bonnevoie

Eise Schoulgaart – e Projet fir d’Schüler op eis Ëmwelt an Ernährung opmierksam ze maachen

De Grondgedanke fir e Schoulgaart an eisem Lycée unzeleeën war, den Unterrecht vun de Naturwëssenschaften no baussen ze verleeën an doduerch d’Schüler fir d’Natur ze begeeschteren.

De Schüler soll d’Méiglechkeet kréien handlungsorientéiert, praktesch a mat alle Sënner d’Saisonen dobaussen ze erliewen. Well hien hëlleft de Schoulgaart selwer ze betreien, gesäit hie wéi d’Geméis an d’Uebst gezillt gëtt. Hie muss sech beweegen, plangen, mam Gaardegeschier richteg ëmgoen, sech dem Wieder upassen, sech këmmeren, an der Equipe schaffen, Verantwortung droen, Gedold hunn, experimentéieren an a Kaf huelen dat eppes net geléngt.

E besonnescht Erliefnes ass da fir dat zeidegt Uebst a Geméis an och d’Gewierzer kënnen ze recoltéieren, ze richen an ze schmaachen. Esou kann dem Schüler zousätzlech nach e Grondwëssen iwwert e gesond Iesse vermëttelt ginn.

D’Gaardenaarbecht gëtt awer och dem Schüler d’Méiglechkeet am an iwwert dem Buedem enger Onmass un Déieren ze begéinen a kennen ze léieren. Ausserdeem soll d'Aarbecht an eisem Schoulgaart och d'Méiglechkeet ginn op verschidde Beruffsausbildungen am Gaardeberäich hinzeweisen.

All Erfarungen solle schlussendlech derzou bäidroen dat déi Jonk eng positiv Relatioun zur Natur entwéckelen a respektvoll mat hirer Ëmwelt ëmginn.

Fotoen

Wou leit en?

bäi der Schoul, am Schoulhaff

119, rue du Cimetière
1338 Bonnevoie
Luxembourg

De Gaart besteet säit

2010

Wéi eng Elementer ginn et am Gaart?

Beerensträicher
Blummenbeete
Eenzel Uebstbeem
Geräteraum
Gewächshaus
Klassesch Gaardebeete
Kräiderbeete/Kräiderspirale
Nisthilfe
Reenwaassersammlung
Anerer

Enseignement secondaire

5e
6e
7e

Kompost
Dëscher a Bänken
Infotafel
Vitrin
Insektenhoteler
Blummebacen
Gaart am Quadrat

Ziler vum Gaardeprojet

Bildung fir nohalteg Entwécklung am Léiergaart
Di biologesch Vilfalt vun den Aarten kenneléieren
Emotional Ziler
Ëmweltschutz/Naturschutz/Aarteschutz
Ganzheetlech direkt Naturerfahrung
Gesondheetsfërderung
Gruppendynamik
Iwwerhuelen vun Verantwortung
Léieren vun Kulturtechniken (Séien, Ernten asw.)
Motoresch Ziler
Opklärung iwwert de biologesche Gaardebau
Opklärung iwwert de pestizidfräie Gaardebau
Sozial/integrativ Ziler (z.B. Teamaarbecht)
Ureegungen fir Fräizäitgestaltung
Anerer

Kontaktpersoun

Gaspar Lydie

49.590622368653, 6.14204685

Extern Partner am Gaardeprojet

Cigl Esch; Apicool

Kontakt

Newsletter

Schreift Iech an eis Newsletter an, fir ëmmer um neiste Stand ze bleiwen.
The subscriber's email address.
The subscriber's preferred language.